Zeréck bei den Inhalt

Wat ass dʼDaf?

Wat ass dʼDaf?

DʼÄntwert aus der Bibel

 Bei der Daf gëtt ee komplett am Waasser ënnergedaucht. a DʼBibel schwätzt vu villen Dafen (Apostelgeschichte 2:41). Ënner anerem vu Jesus senger. Hie gouf am Floss Jordan gedeeft (Matthäus 3:13, 16). Jore méi spéit, ass en Äthiopier wärend senger Rees, op enger Plaz wou Waasser war, gedeeft ginn (Apostelgeschichte 8:36-40).

 Jesus huet geléiert, datt all seng Nofollger sech deefe musse loossen (Matthäus 28:19, 20). Den Apostel Péitrus huet dat bestätegt (1. Petrus 3:21).

An dësem Artikel:

 Wat bedeit dʼDaf?

 Bei der Daf weist een ëffentlech, datt ee seng Sënne bereit huet an et versprécht ee Gott säi Wëllen ze maachen, egal wat geschitt. Dozou gehéiert an all Beräich vu sengem Liewen op Gott a Jesus ze lauschteren. Leit, déi sech deefe loossen, schloen de Wee zum éiwege Liewen an.

 Ganz am Waasser ënnergedaucht ze ginn, ass e passend Symbol fir dʼVerännerungen, déi een a sengem Liewe gemaach huet. Firwat? DʼBibel vergläicht dʼDaf mat engem Begriefnes (Römer 6:4; Kolosser 2:12). De Mënsch, deen ee fréier war, ass souzesoe gestuerwen a gëtt duerch dʼËnnerdauchen am Waasser begruewen. Beim Opdauche fänkt en neit Liewen un – e Liewe fir Gott.

 Wat seet dʼBibel zur Kanddaf?

 Néierens an der Bibel gëtt vun enger Kanddaf geschwat. DʼBibel weist, datt eng Persoun, déi sech deefe wëll loossen, verschidde Konditiounen erfëlle muss. Zum Beispill muss een zumindest dʼGrondléiere vu Gott sengem Wuert verstoen an an Harmonie domadder liewen. Et muss een och seng Sënne bereien. An engem Gebiet gëtt ee sech Gott hin an et versprécht een, him fir ëmmer ze déngen (Apostelgeschichte 2:38, 41; 8:12). Dat alles kënne kleng Kanner net maachen.

 Wat heescht et, am Numm vum Papp, vum Jong a vum hellege Geescht gedeeft ze ginn?

 Jesus sot sengen Nofollger: „Maacht Jünger …, deeft si am Numm vum Papp, vum Jong a vum hellege Geescht a léiert si, alles anzehalen, wat ech iech opgedroen hunn“ (Matthäus 28:19, 20). „Am Numm vum“ bedeit, datt ee bei der Daf, dʼAutoritéit an dʼPositioun vum Papp a vum Jong, esouwéi och dʼRoll vum hellege Geescht versteet an unerkennt. Zum Beispill huet den Apostel Péitrus zu engem Mann, dee geläämt war, gesot: „Am Numm vu Jesus Christus vun Nazaret, stéi op a géi!“ (Apostelgeschichte 3:6). Aus dëse Wierder geet kloer ervir, datt de Péitrus Jesus seng Autoritéit unerkannt huet an him d’Éier fir dëst Wonner zougeschriwwen huet.

  •   Mam „Papp“ ass Jehova b Gott gemengt. Hien huet déi héchsten Autoritéit, well hien de Schöpfer an allmächtege Gott ass a well hien eis dʼLiewe geschenkt huet (1. Mose 17:1; Offenbarung 4:11).

  •   Mam „Jong“ ass Jesus Christus gemengt. Hien huet säi Liewe fir eis higinn (Römer 6:23). Mir kënne just gerett ginn, wa mir Jesus seng wichteg Roll a Gott sengem Virsaz fir dʼMënschen unerkennen a wäertschätzen (Johannes 14:6; 20:31; Apostelgeschichte 4:8-12).

  •   Mam „hellege Geescht“ ass Gott seng aktiv Kraaft gemengt oder seng Kraaft an Aktioun. c Gott huet säin hellege Geescht gebraucht, fir alles ze erschafen, Liewen ze ginn, Noriichten u Prophéiten an aner Persounen ze vermëttelen a fir hinne Kraaft ze ginn, säi Wëllen ze maachen (1. Mose 1:2; Hiob 33:4; Römer 15:18, 19). Duerch den hellege Geescht huet Gott och dʼBibelschreiwer inspiréiert seng Gedanken opzeschreiwen (2. Petrus 1:21).

 Ass et eng Sënn, sech méi wéi eng Kéier deefen ze loossen?

 Et ass net ongewéinlech seng Relioun ze wiesselen. Wat ass, wann ee scho mol an enger anerer Kierch gedeeft gouf? Ass et eng Sënn, sech nach eng Kéier deefen ze loossen? Muncher menge jo, well an Epheser 4:5 steet: „Et gëtt een Här, ee Glawen, eng Daf“ (BFL). Dëse Vers bedeit allerdéngs net, datt een net nach eng Kéier gedeeft ka ginn. Firwat?

 Am Kontext. Am Kontext vun Epheser 4:5 huet de Paulus gewisen, wéi wichteg dʼEenheet am Glawe bei echte Chrëschte war (Epheser 4:1-3, 16). Dës Eenheet war nëmme méiglech, wa jiddereen dem selwechten Här, Jesus Christus, nogaangen ass an déi selwecht Glawensusiichten hat. Et huet een och missen déi nämlecht bibelesch Konditioune fir dʼDaf erfëllen.

 Den Apostel Paulus huet souguer muncher motivéiert, sech nach eng Kéier deefen ze loossen. Si waren nämlech virdru gedeeft ginn, ouni déi chrëschtlech Léiere genee verstanen ze hunn (Apostelgeschichte 19:1-5).

 Viraussetzunge fir sech deefen ze loossen. Fir datt Gott eng Daf akzeptéiert, muss een dʼLéieren aus der Bibel kloer verstanen hunn (1. Timotheus 2:3, 4). Gouf eng Persoun op Basis vu Léiere gedeeft, déi net am Aklang mat der Bibel sinn, dann ass dës Daf an den Ae vu Got ongülteg (Johannes 4:23, 24). Äifer eleng geet net duer. Et muss een och eng „genee Erkenntnis“ hunn (Römer 10:2). Fir Gott ze gefalen, muss een dʼWouerecht aus der Bibel kenne léieren, ëmsetze wat ee léiert, sech Gott higinn a sech nach eng Kéier deefe loosen. An deem Fall wär eng nei Daf keng Sënn. Am Contraire – et wär genee dat Richtegt.

 Aner Dafen, vun deenen dʼBibel schwätzt

 Ausser der chrëschtlecher Daf am Waasser, ernimmt dʼBibel och nach Dafen, déi eng aner Bedeitung hunn. Hei e puer Beispiller:

 DʼDaf, déi vum Johannes dem Deefer d duerchgefouert gouf. DʼJudden an dʼMënschen, déi de jüddesche Glawen ugeholl haten, hu sech vum Johannes deefe gelooss. Dat war en Zeeche vu Rei, well si dʼGesetz iwwertrueden haten, dat Gott hinnen duerch de Moses ginn hat. Dës Daf huet si dorop preparéiert, Jesus aus Nazareth als de Messias unzeerkennen an ze akzeptéieren (Lukas 1:13-17; 3:2, 3; Apostelgeschichte 19:4).

 Jesus seng Daf. Jesus seng Daf, duerch de Johannes den Deefer, war eenzegaarteg. Jesus war perfekt an huet ni gesënnegt (1. Petrus 2:21, 22). Hien huet also näischt misse bereien an dowéinst war seng Daf keng „Ufro u Gott fir e rengt Gewëssen“ (1. Petrus 3:21, BFL). Villméi huet hien doduerch gewisen, datt hie bereet war seng Roll als ugekënnegte Messias oder Christus ze erfëllen. Dozou huet och gehéiert, säi Liewe fir eis ze ginn (Hebräer 10:7-10).

 DʼDaf mam hellege Geescht. De Johannes den Deefer a Jesus Christus hu vun der Daf mam hellege Geescht geschwat (Matthäus 3:11; Lukas 3:16; Apostelgeschichte 1:1-5). Domat ass awer net dʼDaf am Numm vum hellege Geescht gemengt (Matthäus 28:19). Firwat?

 Nëmmen eng begrenzten Unzuel vu Jesus sengen Nofollger si mam hellege Geescht gedeeft. Si si mat hellegem Geescht gesalleft, well si dozou beruff sinn, fir am Himmel mat Christus als Kinneken a Priister iwwer dʼÄerd ze regéieren e (1. Petrus 1:3, 4; Offenbarung 5:9, 10). Si regéieren dann iwwer Millioune vu Jesus sengen Nofollger, déi dʼHoffnung hunn éiweg an engem Paradis op der Äerd ze liewen (Matthäus 5:5; Lukas 23:43).

 DʼDaf a Christus Jesus an a säin Doud. Wie mam hellege Geescht gedeeft ass, ass och „a Christus Jesus gedeeft“ (Römer 6:3, BFL). Dës Daf gëllt also nëmme fir gesalleft Chrëschten, déi spéider mat Jesus am Himmel regéieren. Duerch dʼDaf „a Christus Jesus“ gi si en Deel vun der Versammlung vun de gesallefte Chrëschten. Jesus ass de Kapp oder dʼHaapt a si sinn de Kierper (1. Korinther 12:12, 13, 27; Kolosser 1:18).

 Gesalleft Chrëschte sinn och „a [Jesus] säin Doud gedeeft“ (Römer 6:3, 4). Esou wéi Jesus si si bereet, Gott ze follegen an hir eege Wënsch zeréckzestellen. A si verzichten op éiwegt Liewen op der Äerd. DʼDaf a Jesus säin Doud ass ofgeschloss, wa si stierwen an eng Operstéiung als Geeschtwiesen am Himmel kréien (Römer 6:5; 1. Korinther 15:42-44).

 DʼDaf mat Feier. De Johannes den Deefer sot emol iwwer Jesus: „Er wird euch mit heiligem Geist und mit Feuer taufen. Er hat die Worfschaufel in der Hand und wird seinen Dreschplatz gründlich säubern. Seinen Weizen sammelt er dann ein und bringt ihn ins Vorratshaus, aber die Spreu wird er mit Feuer verbrennen, das nicht gelöscht werden kann“ (Matthäus 3:11, 12). Et gëtt also en Ënnerscheed tëschent der Daf mat Feier an der Daf mam hellege Geescht. Wat huet hie mat dësem Verglach gemengt?

 De Weess steet fir déi, déi op Jesus lauschteren an him follegen. Si kënne mam hellege Geescht gedeeft ginn. De Kuef (op Däitsch: „die Spreu“) steet fir déi, déi net op Jesus lauschteren. Si gi mat Feier gedeeft, dat heescht fir ëmmer vernicht (Matthäus 3:7-12; Lukas 3:16, 17).

a Dat griichescht Wuert fir „Daf“ beschreift „de Prozess vum Andauchen, Ënnerdauchen an erëm Opdauchen“ (Vine’s Complete Expository Dictionary of Old and New Testament Words). Och dat däitscht Wuert „taufen“ bedeit ursprénglech „in das, unter das wasser bringen, ein-, untertauchen“ (Deutsches Wörterbuch von Jacob Grimm und Wilhelm Grimm).

b Jehova ass Gott säin Numm (Psalm 83:18). Kuckt den Artikel „Wien ass Jehova?

c Kuckt den Artikel „Wat ass den hellege Geescht?

d Kuckt den Artikel „Wer war Johannes der Täufer?

e Kuckt den Artikel „Wer kommt in den Himmel?

f DʼWierder „Daf“ oder „deefen“, ginn an der Bibel och gebraucht fir Traditiounen oder Ritualer ze beschreiwen, wéi zum Beispill dʼRengegung vu Gefäässer am Waasser (Markus 7:4; Hebräer 9:10). Domat ass natierlech eppes anescht gemengt, wéi dʼDaf vu Jesus a sengen Nofollger.