Zeréck bei den Inhalt

Wien ass Jehova?

Wien ass Jehova?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jehova ass no der Bibel de richtege Gott - deejéinegen, deen alles erschafen huet (Offenbarung 4:11). D’Prophéiten Abraham, Moses an och Jesus hu Jehova als hirem Gott gedéngt (1. Mose 24:27; 2. Mose 15:1, 2; Johannes 20:17). Hien ass net nëmmen de Gott vun engem eenzege Vollek, mee de Gott vun der ganzer Äerd (Psalm 47:2).

 Duerch d’Bibel gëtt ee gewuer, datt Jehova de perséinlechen Numm vu Gott ass (2. Mose 3:15; Psalm 83:18). E kënnt vun engem hebräesche Verb, dat „ginn“ bedeit. Vill Wëssenschaftler sinn der Meenung, datt den Numm „hie verursaacht ze ginn“ bedeit. Dës Beschreiwung passt zu Jehova, well hien alles erschafen huet a seng Ziler ëmmer erreecht (Jesaja 55:10, 11). D’Bibel hëlleft eis och, Jehova als Persoun kennen ze léieren – besonnesch seng Haapteegenschaft, d’Léift (2. Mose 34:5-7; Lukas 6:35; 1. Johannes 4:8).

 Gott säin Numm Jehova ass déi däitsch Iwwersetzung vun de véier hebräesche Buschtawen יהוה (JHWH), Tetragramm genannt. Wéi den Numm am Hebräesche genee ausgeschwat gouf, ass net bekannt. Awer dʼAussprooch „Jehova“ huet am Däitsche schonn eng laang Traditioun: Déi éischt däitsch Bibeliwwersetzung, wou een den Numm Jehova fënnt, ass vum Joer 1537. a

Firwat ass déi ursprénglech Aussprooch vu Gott sengem Numm onbekannt?

 Dat aalt Hebräesch ass ouni Vokale geschriwwe ginn, mee nëmme mat Konsonanten. Deemools wousst e Lieser genee, wéi eng Vokaler hie wou misst asetzen. Nodeems dʼHebräesch Schrëften (dʼAalt Testament) fäerdeg waren, hu muench Judden aus Awerglawe geduecht, datt et falsch wier, Gott säi perséinlechen Numm auszeschwätzen. Wa si en Text haart virgelies hunn, wou dësen Numm stoung, hunn si e mat „Gott“ oder „Här“ ersat. Am Laf vun de Joerhonnerten huet sech dës Virstellung ëmmer méi verbreet an déi ursprénglech Aussprooch ass schlussendlech verluer gaangen. b

 Wat dʼAussprooch vu Gott sengem Numm ugeet, gëtt et verschidden Iddien. Muencher hunn eng Präferenz fir Jahwe. An enger Schrëftrull vum doudege Mier, wou en Deel vum 3. Mose op Griichesch drasteet, gëtt den Numm mat Iaō rëmginn. Fréier griichesch Schrëftsteller schloen och dʼAussprooch Iaē, Iabé a Iaoué vir. Allerdéngs ka kee beweisen, datt den Numm am Alhebräesche wierklech esou ausgeschwat gouf. c

Falsch Usiichten iwwer Gott säin Numm an der Bibel

 Iertum: Den Numm Jehova ass a Bibeliwwersetzunge bäigesat ginn.

 Fakt: Gott säin Numm kënnt a Form vum Tetragramm ronn 7 000 Mol an der Bibel vir. d Déi meescht Bibeliwwersetzer hunn den Numm express ewechgeholl an duerch Titel wéi „Här“ ersat.

 Iertum: Den allmächtege Gott brauch kee perséinlechen Numm.

 Fakt: Gott selwer huet dʼSchreiwer vun der Bibel ugewisen, säin Numm Dausende Mol opzeschreiwen. An hien huet seng Dénger opgefuerdert, säin Numm ze gebrauchen (Jesaja 42:8; Joel 2:32; Maleachi 3:16; Römer 10:13). A Wierklechkeet huet Gott souguer dʼProphéite verurteelt, déi wollten, datt säin Numm vergiess gëtt (Jeremia 23:27).

 Iertum: Et soll een aus Rücksicht op dʼTraditioun vun de Judden, den Numm vu Gott aus der Bibel eraushuelen.

 Fakt: Och wa vill jüddesch Geléierter refuséiert hunn, Gott säin Numm auszeschwätzen, hunn si en awer net aus der Bibel erausgeholl. Op alle Fall wollt Gott ni, datt mir seng Geboter wéinst mënschlechen Traditioune briechen (Matthäus 15:1-3).

 Iertum: Gott säin Numm soll net an der Bibel gebraucht ginn, well een net genee wees, wéi en ursprénglech ausgeschwat gouf.

 Fakt: Bei dëser Iwwerleeung geet een dovun aus, datt Gott erwaart, datt an all Sprooch säin Numm dʼselwecht ausgeschwat gëtt. Awer der Bibel no, hu Gott seng Dénger, déi verschidde Sprooche geschwat hunn, och perséinlech Nimm verschidden ausgeschwat.

 Zum Beispill hu Chrëschten am 1. Joerhonnert, déi hebräesch geschwat hunn, den Numm Josua (e Riichter an Israel) Jehōschúaʽ ausgeschwat. Allerdéngs hu Chrëschten, déi griichesch geschwat hunn, Iēsoús gesot. Den hebräeschen Numm Jehōschúaʽ ass an der Bibel op griichesch iwwersat ginn. Dat weist, datt dʼChrëschten dʼNimm esou ausgeschwat hunn, wéi et an hirer Sprooch üblech war (Apostelgeschichte 7:45; Hebräer 4:8).

 Dee selwechte Prinzip trëfft och op dʼIwwersetzung vu Gott sengem Numm zou. Wat wierklech wichteg ass, ass net, wéi een den Numm ausschwätzt, mee datt en déi Plaz an der Bibel kritt, déi em zousteet.

a Hei handelt et sech ëm eng Iwwersetzung vum Dr. Johannes Eck. Scho 1527 huet de Martin Luther den Numm vu Gott a Form vu „Jehovah“ a senger Interpretatioun iwwer de Prophéit Jeremia gebraucht. Och aner Iwwersetzungen hunn dʼForm vu Jehova oder Jehovah benotzt. Zum Beispill: Die heilige Schrift des alten Testaments von Dominikus von Brentano (1797), die Schullehrer-Bibel (1826) an die Elberfelder Bibel (1891).

b De Calwer Bibellexikon, Band 1, Säit 638 seet ënner dem Begrëff „Jehova“: „In nachexilischer Zeit trat „Adonai“ an die Stelle des Gottesnamens.“

c Fir weider Informatiounen: „Der Name Gottes in den Hebräischen Schriften“ (Die Bibel. Neue-Welt-Übersetzung, Anhang A4).

d Kuckt de Lexikon für Theologie und Kirche, Band 9, Säit 1358.