Zeréck bei den Inhalt

Wéi fënnt een eraus, wat déi richteg Relioun ass?

Wéi fënnt een eraus, wat déi richteg Relioun ass?

D’Äntwert aus der Bibel

 Wéi een erausfënnt, ob een déi richteg oder déi falsch Relioun praktizéiert, weist engem d’Bibel duerch dëse Verglach: „Ihr werdet sie an ihren Früchten erkennen. Erntet man von Dornensträuchern etwa Trauben oder von Disteln Feigen?“ (Matthäus 7:16). Eng Wäirief kann ee vun enger Heck mat Dären duerch hir Friichten ënnerscheeden. Geneesou kann een och déi richteg Relioun vun der Falscher duerch hir Friichten, oder hir Eegenaarten, ënnerscheeden. Hei e puer weesentlech Charakteristiken:

  1.   Déi richteg Relioun léiert d’Wouerecht aus der Bibel a baséiert sech net op mënschlech Philosophien (Johannes 4:24; 17:17). Dozou gehéiert d’Wouerecht iwwer d’Séil an och d’Hoffnung op en éiwegt Liewen an engem Paradis op der Äerd (Psalm 37:29; Jesaja 35:5, 6; Hesekiel 18:4). Si hält sech och net zeréck, falsch reliéis Léieren opzedecken (Matthäus 15:9; 23:27, 28).

  2.   Déi richteg Relioun hëlleft Gott besser kennen ze léieren a säin Numm gewuer ze ginn, dee Jehova ass (Psalm 83:18; Jesaja 42:8; Johannes 17:3, 6). Si stellt hien net als distanzéiert duer oder als en onerklärlecht Wiesen, mee de Contraire, si weist, datt mir Frënn vun him kënne sinn (Jakobus 4:8).

  3.   Déi richteg Relioun weist, datt Jesus Christus deejéinegen ass, duerch dee Gott fir Rettung suergt (Apostelgeschichte 4:10, 12). Hir aktiv Memberen hale sech u Jesus seng Geboter an huele sech hien als Virbild (Johannes 13:15; 15:14).

  4.   Déi richteg Relioun gesäit Gott säi Räich als déi eenzeg Hoffnung fir d’Mënschheet. Hir Memberen setzen sech voll an, fir aneren iwwer dëst Räich ze erzielen (Matthäus 10:7; 24:14).

  5.   Déi richteg Relioun léiert echt Nächsteléift (Johannes 13:35). Dozou gehéiert géigesäitege Respekt an Offenheet fir all Mënschen, egal wat fir eng Kultur, Hautfaarf, Sprooch oder Originnen se hunn (Apostelgeschichte 10:34, 35). Aus deem Grond ginn hir Memberen net an de Krich (Micha 4:3; 1. Johannes 3:11, 12).

  6.   Déi richteg Relioun huet kee Klerus a benotzt och keng extravagant reliéis Titel (Matthäus 23:8-12; 1. Petrus 5:2, 3).

  7.   Déi richteg Relioun hält sech komplett aus der Politik eraus (Johannes 17:16; 18:36). Trotzdeem respektéieren hir Memberen de Staat an hale sech un d’Gesetzer, genee wéi d’Bibel et seet: „Gebt Cäsar zurück, was Cäsar gehört, und Gott, was Gott gehört“ (Markus 12:17; Römer 13:1, 2).

  8.   Déi richteg Relioun ass e Liewenswee, net nëmmen eng Traditioun oder eng reng Formalitéit. Hir Memberen hale sech an alle Liewensberäicher un déi héich Moral aus der Bibel (Epheser 5:3-5; 1. Johannes 3:18). Si sinn dowéinst awer net fanatesch oder iwwerdriwwen eescht, mee si hu Freed um Liewen an déngen engem gléckleche Gott (1. Timotheus 1:11).

  9.   Et praktizéieren nëmme wéineg Mënschen déi richteg Relioun (Matthäus 7:13, 14). Mat hinne gëtt oft de Geck gemaach, si ginn ausgelaacht a verfollegt, well si esou liewen, wéi Gott et wëllt (Matthäus 5:10-12).

Wann et ëm Relioun geet, däerf een sech net nëmmen op säi Gefill verloossen

 Sech bei der Wiel vu senger Relioun nëmmen op säi Gefill ze verloossen, kann eng Gefor sinn. D’Bibel seet iwwer Mënschen, déi zu enger bestëmmter Zäit liewen: „Si sammele sech [reliéis] Léiermeeschteren no hiren eegene Virstellungen un, well et an hiren Ouere kribbelt, fir dat ze héieren, wat si wëllen“ (2. Timotheus 4:3, BFL). Am Géigesaz encouragéiert eis d’Bibel, déi Relioun auszeüben, „die vom Standpunkt Gottes und Vaters aus rein und makellos ist,“ souguer wann déi Relioun net beléift ass (Jakobus 1:27, Foussnout; Johannes 15:18, 19).