Zeréck bei den Inhalt

Zerstéieren d’Zeie vu Jehova Bestietnesser a Familljen?

Zerstéieren d’Zeie vu Jehova Bestietnesser a Familljen?

 Nee, am Géigendeel. Mir versichen net nëmmen eis Familljen, mee och déi vun deenen aneren, zesummenzehalen. Mir respektéiere Gott als Grënner vun der Famill (1. Mose 2:21-24; Epheser 3:14, 15). An der Bibel fanne mir Prinzippien, déi eis op der ganzer Welt hëllefen, glécklech a staark Familljen ze hunn.

Wéi d’Zeie vu Jehova Familljen hëllefen?

 D’Bibel huet gudde Rot fir Elteren, bestuete Männer a Fraen, a mir probéieren eis esou gutt wéi méiglech dorun ze halen (Sprüche 31:10-31; Epheser 5:22–6:4; 1. Timotheus 5:8). Dës Prinzippie funktionéieren och a Famillje mat verschiddene Reliounen (1. Petrus 3:1, 2). Heizou e puer Aussoe vu Leit, déi keng Zeie vu Jehova sinn:

  •   „Déi éischt sechs Joer hate mir nëmme Buttek a waren total frustréiert. Nodeems d’Ivete Zeie vu Jehova ginn ass, ass hatt vill méi léif a gedëlleg ginn. Well hatt sech esou geännert huet, si mir zesummebliwwen.“ - Clauir aus Brasilien.

  •   „Ech war guer net enchantéiert, wéi mäi Mann, den Chansa, d’Bibel mat den Zeie vu Jehova studéiert huet. Ech hu gemengt, dat géif eis Famill auserneebréngen. Awer ech hu festgestallt, datt d’Bibel eigentlech eisem Bestietnes richteg gutt gedoen huet.“ - Agness aus Sambia.

 Wa mir mat de Leit schwätzen, da weise mir hinnen, wéi d’Prinzippien aus der Bibel och hinnen hëllefe kënnen:

Kënnt et zu Problemer, wann ee Partner en Zeie vu Jehova gëtt?

 Éierlech gesot: Heiansdo schonn. 1998 huet de Sofres Institut e Rapport erausginn, dee weist, datt 1 vun 20 Koppelen, wou de Partner en Zeie vu Jehova ginn ass, seriö Problemer an hirem Bestietnes haten.

 Jesus huet scho virausgesot, datt all déi, déi sech u seng Léieren halen eventuell mat Problemer an der Famill rechne mussen (Matthäus 10:32-36). Den Historiker Will Durant huet geschriwwen: „Dem Christentum wurde [zur Zeit der Römer] vorgeworfen, es splittere den Hausstand auf.“ a Haut kréien d’Zeie vu Jehova dat selwecht virgehäit. Mee zerstéieren d’Zeie vu Jehova wierklech Familljen?

Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter

 Op dës Fro ass esouguer den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter agaangen. An deem Urteel heescht et, datt Konflikter oft entstinn, well Familljememberen, déi keng Zeie vu Jehova sinn, sech weigeren „die Freiheit ihres religiösen Verwandten zu akzeptieren und zu respektieren, sich zu seiner Religion zu bekennen und sie auszuüben“. D’Geriicht seet weider: „Diese Problematik findet man bei interreligiösen Ehen oft; Zeugen Jehovas sind davon nicht ausgenommen.“ b Awer esouguer wann Zeie vu Jehova mat reliéiser Intoleranz konfrontéiert ginn, hale si sech un de Rot vun der Bibel: „Zahlt niemandem Böses mit Bösem zurück. ... Wenn möglich, haltet, soweit es von euch abhängt, mit allen Menschen Frieden“ (Römer 12:17, 18).

Sech nëmme mat engem Zeie vu Jehova bestueden. Firwat?

 D’Zeie vu Jehova halen sech un d’Gebot vun der Bibel, sech „nëmmen am Här“ ze bestueden, d.h. mat engem, deen de selwechte Glawen huet (1. Korinther 7:39). An dat ass och logesch. Den Journal of Marriage and Family vum Joer 2010 sot: „Paare, bei denen die Partner Religionszugehörigkeit, Glaubenspraxis und Glaubensansichten teilen“, ginn allgemeng an hirer Koppel besser eens. c

 Trotzdeem trennen sech Zeie vu Jehova net vun hirem Partner, nëmme well hie keen Zeie vu Jehova ass. D’Bibel seet: „Wann e Brudder eng ongleeweg Fra huet a si ass averstanen, fir mat him zesummenzeliewen, soll hie sech net vun hir scheede loossen. A wann eng Fra en ongleewege Mann huet an hie bereet ass, mat hir zesummenzeliewen, soll si sech net vun him scheede loossen (1. Korinther 7:12, 13, BFL). Zeie vu Jehova halen sech dorun.

a Kuckt Caesar und Christus, Säit 678.

b Kuckt d’Urteel an der Affär Jehovas Zeugen in Moskau und andere gegen Russland, Säit 26-27, Absatz 111.

c Kuckt den Journal of Marriage and Family, Band 72, Nummer 4, (August 2010), Säit 963.