Zeréck bei den Inhalt

Eng glécklech Famill – kann d’Bibel dobäi hëllefen?

Eng glécklech Famill – kann d’Bibel dobäi hëllefen?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jo. D’Bibel huet vill gutt Rotschléi, déi scho Millioune Mënschen zu Gléck an der Famill verhollef hunn. Hei e puer dovun:

  1.   Sech bestueden. D’Verspriechen, am Bestietnis fir ëmmer zesummenzebleiwen, ass d’Basis fir eng glécklech Famill (Matthäus 19:4-6).

  2.   Léift a Respekt weisen. Dat heescht och, datt een deen aneren esou behandelt, wéi ee selwer wëll behandelt ginn (Matthäus 7:12; Epheser 5:25, 33).

  3.   Haart a verletzend Wierder vermeiden. Och wann de Partner eppes seet oder mécht, wat ee blesséiert, ass et am beschten, frëndlech ze reagéieren (Epheser 4:31, 32). Sou steet et a Sprüche 15:1: „Eine sanfte Antwort wendet Wut ab, doch ein hartes Wort lässt Zorn aufkommen.“

  4.   Trei bleiwen. Romantesch Gefiller a sexuell Interessi si ganz aleng dem Partner virbehalen (Matthäus 5:28). DʼBibel seet: „Die Ehe soll von allen in Ehren gehalten werden, und das Ehebett soll unbeschmutzt sein“ (Hebräer 13:4).

  5.   Kanner mat Léift erzéien. Dat bedeit, weeder ze streng ze sinn, nach alles duerchgoen ze loossen (Sprüche 29:15; Kolosser 3:21).