Zeréck bei den Inhalt

Wéi vill Nimm huet Gott?

Wéi vill Nimm huet Gott?

D’Äntwert aus der Bibel

 Gott huet nëmmen een Numm. Am Hebräesche besteet den Numm aus de Buschstawen יהוה. An eise Géigende gëtt dat oft mat Jehova erëmginn. a Duerch säi Prophéit Jesaja huet Gott iwwer sech selwer gesot: „Ich bin Jehova. Das ist mein Name“ (Jesaja 42:8). Dësen Numm fënnt ee méi ewéi 7 000 Mol an ale Bibelmanuskripter, vill méi oft ewéi soss iergendeen Ausdrock, dee fir Gott an der Bibel gebraucht gëtt. Och soss keen aneren Numm gëtt esou oft an der Bibel erwäänt. b

Gëtt Jehova och nach anescht genannt?

 An der Bibel gëtt et zwar nëmmen een Eegennumm fir Gott, awer si gebraucht och verschidden Titelen a Beschreiwungen. An dëser Lëscht fënnt ee muench Titelen a Bezeechnungen, déi d’Perséinlechkeet vu Jehova beschreiwen.

Bezeechnung

Bibelvers

Bedeitung

Allah

(Keen)

Aus dem Arabeschen. Keen Numm, mee en Titel, dee Gott bedeit. A Bibeliwwersetzungen op Arabesch an an anere Sprooche gëtt „Allah“ amplaz vu Gott gebraucht.

Der Allerhöchste

Daniel 7:18, 27

Den héchste souveränen Herrscher.

Allmächtiger

1. Mose 17:1

Huet onbegrenzte Muecht a kee kënnt géint hien un. Den hebräeschen Ausdrock ʼEl Schaddáj („Gott der Allmächtige“) kënnt siwemol an der Bibel vir.

Alpha und Omega

Offenbarung 1:8; 21:6; 22:13

„Der Erste und der Letzte“ oder „der Anfang und das Ende“. Dat heescht, datt Jehova deen eenzegen allmächtege Gott ass. Et gouf ni een aneren an et gëtt och ni een aneren (Jesaja 43:10). Den Alpha an den Omega sinn den éischten an de leschte Buschstaf vum griicheschen Alphabet.

Der Alte an Tagen

Daniel 7:9, 13, 22

Huet keen Ufank. Existéiert schonn éiweg, laang ier iergendeppes oder iergendeen aneren do war (Psalm 90:2).

Eifersüchtiger, Eiferer

2. Mose 34:14, Einheitsübersetzung

Hie wëll, datt just hien ugebiet gëtt. Gëtt och iwwersat mat „Ich ... dulde keinen neben mir!“ an „ein Gott, der ausschließliche Ergebenheit fordert“ (Hoffnung für alle, Neue Welt Übersetzung, Foussnout).

Fels

Psalm 18:2, 46

Do, wou ee Schutz sicht a Rettung fënnt.

Der Glückliche Gott

1. Timotheus 1:11

Ass frou a glécklech (Psalm 104:31).

Gott

1. Mose 1:1

Géigestand fir unzebieden; e Staarken. Dat hebräescht Wuert ʼElohím ass am Pluriel a weist op Jehova seng héich Stellung als Majestéit hinn.

Gott der Götter

5. Mose 10:17

Den héchste Gott, deen am Kontrast steet zu deene Gëtter, déi näischt daachen, awer vu muenchen ugebiet ginn (Jesaja 2:8).

Großer Erschaffer

Psalm 149:2

Huet alles erschafen (Offenbarung 4:11).

Großer Unterweiser

Jesaja 30:20, 21

Vermëttelt nëtzlech Uleedung a beléiert (Jesaja 48:17, 18).

Der Heiligste

Sprüche 9:10

Hien ass méi helleg (am Sënn vu moralesch reng a propper) ewéi soss iergendeen.

Herr

Psalm 135:5

Besëtzer oder Meeschter. Op Hebräesch ʼA·dhn oder ʼAdhoním.

Herr der Heere, Herr Zebaoth

Jesaja 1:9, Einheitsübersetzung; Römer 9:29, Lutherbibel, 2017

Kommandant vun enger mächteger Arméi vun Engelen. Den Titel „Herr Zebaoth“ kann och mat „Jehova der Heerscharen“ oder „Herr der himmlischen Heere“ iwwersat ginn (Römer 9:29, Neue Welt Übersetzung, Einheitsübersetzung).

Hirte

Psalm 23:1

Suergt fir déi, déi hien ubieden.

Der Höchste

Psalm 47:2

Steet iwwer alles.

Hörer des Gebets

Psalm 65:2

Lauschtert perséinlech no, wann ee voller Glawen zu him biet.

Ich bin, der ich bin

2. Mose 3:14, Elberfelder Bibel

Hie gëtt zu deem, wat néideg ass, fir säi Virsaz ze realiséieren. Och iwwersat mat „Ech ginn zu deem, wat ëmmer mir gefält“ oder „Ich werde, was ich werden möchte“ (The Emphasised Bible, Neue Welt Übersetzung). Dës Beschreiwung hëlleft d’Bedeitung vu Gott sengem Numm, Jehova, am nächste Vers ze verstoen (2. Mose 3:15).

König der Ewigkeit

Offenbarung 15:3

Seng Herrschaft huet keen Ufank a keen Enn.

Retter

Jesaja 45:21

Befreit aus (Liewens-) Gefor.

Rückkäufer, Erlöser

Jesaja 41:14, Herder-Bibel

Befreit d’Mënschheet duerch d’Léisegeld (den Doud vu Jesus Christus) vu Sënn an Doud (Johannes 3:16).

Schöpfer

Jesaja 40:28

Huet alles erschafen.

Souveräner Herr

1. Mose 15:2

Déi héchsten Autoritéit, op Hebräesch ’Adhonáj.

Töpfer

Jesaja 64:8

Huet Gewalt iwwer eenzel Mënschen a ganz Natiounen, genee ewéi een, dee Leem beschafft (Römer 9:20, 21).

Vater

Matthäus 6:9

Deen, dee Liewe gëtt.

Uertsnimm an den Hebräesche Schrëften

 Muench Uertsnimm an der Bibel enthale Gott säin Eegennumm, awer déi ersetzen net Gott säin Numm.

Uertsnumm

Bibelvers

Bedeitung

Jehova-Jire

1. Mose 22:13, 14

„Jehova wird dafür sorgen.“

Jehova-Nissi

2. Mose 17:15

„Jehova ist meine Signalstange“ oder „mein Feldzeichen“ (Einheitsübersetzung). Jehova ass déi zentral Figur, wou seng Dénger Schutz an Hëllef fannen (2. Mose 17:13-16).

Jehova-Schalom

Richter 6:23, 24

„Jehova ist Frieden.“

Jehova-Schamma

Hesekiel 48:35, Rbi8, Foussnout

„Jehova ist dort.“

Firwat soll ee Gott säin Numm kennen a gebrauchen?

  •   Fir Gott muss säin Numm, Jehova, wichteg sinn, well hien huet dofir gesuergt, datt en Dausende Mol an der Bibel steet (Maleachi 1:11).

  •   Jesus, Gott säi Jong, huet ëmmer erëm gewisen, wéi wichteg Gott säin Numm ass. Zum Beispill huet hien zu Jehova gebiet: „Dein Name soll geheiligt werden.“ (Matthäus 6:9; Johannes 17:6).

  •   Gott säin Numm kennen ze léieren an ze gebrauchen sinn déi éischt Schrëtt, fir eng Frëndschaft mat Jehova opzebauen (Psalm 9:10; Maleachi 3:16). Duerch dës Frëndschaft huet ee perséinlech eppes vun deem, wat Gott versprécht: „Ich werde ihn beschützen, weil er meinen Namen kennt“ (Psalm 91:14).

  •   D’Bibel seet, datt „et sougenannte Gëtter am Himmel an op der Äerd gëtt (esou wéi et jo vill „Gëtter“ a vill „Hären“ gëtt)“ (1. Korinther 8:5, 6, BFL). Awer si identifizéiert deen eenzeg richtege Gott duerch säin Numm: Jehova (Psalm 83:18).

a Muench Geléierter ginn den Numm léiwer mat „Jahwe“ erëm.

b Déi Kuerzform vu Gott sengem Numm „Jah“ kënnt ongeféier 50 Mol an der Bibel vir, ënner anerem an deem Wuert „Halleluja“, oder „Alleluja“, wat esou vill heescht ewéi „Preiset Jah!“ (Offenbarung 19:1; Einheitsübersetzung, BFL).