Zeréck bei den Inhalt

JONK LEIT FROEN

Wéi kann d’Bibel mir hëllefen? – Deel 2: Wéi d’Liesen an der Bibel Spaass mécht

Wéi kann d’Bibel mir hëllefen? – Deel 2: Wéi d’Liesen an der Bibel Spaass mécht

 „D’Bibel kann engem langweileg virkommen, wann een net genee weess, wéi ee se liese soll” seet de Will, en Teenager.

 Géifs du gär erausfannen, wéi d’Bibelliese Spaass maache kann? Dësen Artikel hëlleft dir dobäi.

 Erlief d’Bibelberichter

 Probéier an e Bibelbericht anzedauchen. Esou geet et:

  1.   Wiel dir e Bibelbericht aus, mat deem s du dech beschäftege wëlls. Dat kann zum Beispill e spezifescht Evenement sinn, e Passage aus den Evangelien oder e Bibelbericht aus der Rubrik „Liewegt Bibelliesen“ op jw.org.

  2.   Lies de Bericht. Du kéints en eleng liesen oder mat aneren zesummen, zum Beispill mat Frënn oder Famill. Dir kéint d’Rollen ënnertenee verdeelen an ee vun iech iwwerhëlt d’Roll vum Erzieler.

  3.   Hei nach e puer Virschléi:

    •   Zeeche Biller vun deem, wat geschitt ass. Du kanns och e Storyboard hirstellen, also eng Serie vu Skizzen, déi den Oflaf vun enger Geschicht illustréieren. Schreif bei all Bild, wat illustréiert gëtt.

    •   Maach dir Mindmaps. Lëscht zum Beispill déi verschidden Eegenschaften op, déi eng trei Persoun aus der Bibel bewisen huet. Wann s du dat gemaach hues, verbann déi jeweileg Eegenschafte mat de spezifesche Belounungen, zu deene sie gefouert hunn.

    •   Spill Noriichtereporter. Sich dir eng Geschicht aus a maach doraus e Reportage. Erziel d’Geschicht aus verschiddene Perspektiven a maach en Interview mat den Haaptpersonnagen an Aenzeien.

    •   Denk dir fir e Bericht, an deem e Personnage eng schlecht Decisioun geholl huet, en alternatiivt Enn aus. Zum Beispill, erënner dech un déi Kéier, wou de Péitrus dräi Mol hannereneen gesot huet, dass hie Jesus net géif kennen (Markus 14:66-72). Wéi hätt hien ënner dem Drock kënne besser reagéieren?

    •   Wann s du dech besonnesch kreativ fills, kanns du däin eegent Dréibuch iwwer e Bibelbericht schreiwen. Erwän dobäi och, wat een aus dem Bericht léiere kann (Römer 15:4).

      Du kanns e Bibelbericht mat Liewe fëllen!

 Géi an den Detail!

 Wann ee beim Bibelliesen op Detailer oppasst, kann ee verstoppte Schätz fannen. Heiansdo maachen eenzel Wieder ganz vill aus.

 Vergläich mol Matthäus 28:7 mat Markus 16:7.

  •    Firwat huet de Markus nach den zousätzlechen Detail erwänt, datt Jesus senge Jünger an dem Péitrus erschénge géif?

  •  Indiz: De Markus war bei den Evenementer selwer net dobäi, mee hie krut dës Informatioun warscheinlech vum Péitrus.

  •  De verstoppte Schatz: Firwat muss et de Péitrus berouegt hunn, ze héieren, datt Jesus hie wollt erëmgesinn? (Markus 14:66-72). Duerch wat huet Jesus bewisen, datt hien en echte Frënd fir de Péitrus war? Wéi kanns du Jesus imitéieren a selwer e gudde Frënd fir anerer ginn?

 Wann s du probéiers de Bibelbericht ze erliewen a wann s du an den Detail gees, da mécht d’Bibelliese wierklech Freed!