JONK LEIT FROEN
Wéi kann d’Bibel mir hëllefen? – Deel 1: Seng eege Bibel entdecken
„Ech hu versicht d’Bibel ze liesen, mee et ass esou en déckt Buch! Ob ech dat packen?” – Briana, 15.
Geet et dir geneesou? Dësen Artikel kann dir hëllefen!
Firwat d’Bibel liesen?
Denks du bei der Bibel un e Buch mat iwwer 1000 Säiten ouni Biller? Vläicht sees du: Do bleiwen ech dach léiwer beim Fernsee oder bei Videoen. An deem Fall ass et verständlech, datt d’Bibelliesen dir vläicht net attraktiv virkënnt.
Mee stell dir mol vir, du géifs eng riseg, al Schatztru fannen. Wiers du net virwëlzeg fir ze wëssen, wat do dran ass?
D’Bibel ass genee esou eng Schatztru. Sie enthält vill wäertvoll Weisheeten, déi dir hëllefe kënnen
gutt Decisiounen ze huelen
mat dengen Elteren eens ze ginn
wierklech gutt Frënn ze fannen
Stress ze meeschteren
Wéi kann et sinn, datt esou en aalt Buch hautdesdaags nach ëmmer praktesch ass? D’Bibel gëtt selwer d’Äntwert: „Die ganze heilige Schrift ist von Gott eingegeben” (2. Timotheus 3:16). De Rot aus der Bibel kënnt also aus der allerbeschter Quell, déi ee sech virstelle kann.
Wéi kann ech mech uleeën, fir d’Bibel ze liesen?
Virschlag 1: D’Bibel eng Kéier ganz duerchliesen. Esou verschafft ee sech e gudden Iwwerbléck iwwer d’Haaptaussoe vun der Bibel. Et gi vill verschidde Méiglechkeeten, d’Bibel ganz duerchzeliesen. Hei zwou dovun:
Du kéints déi 66 Bibelbicher an där Reiefolleg liesen, wéi se an der Bibel virkommen, vun 1. Mose bis Offenbarung.
Du kéints d’Bibel an enger chronologescher Reiefolleg liesen. Dat heescht, esou wéi d’Evenementer noenee geschitt sinn.
Tipp: Am Anhang A7 an der Neuen-Welt-Übersetzung ginn déi Haaptevenementer vu Jesus sengem Liewen hei op der Äerd chronologesch opgelëscht.
Virschlag 2: Wiel dir ee Bibelbericht aus, deen dir bei enger aktueller Erausfuerderung hëllefe kann. Hei sinn e puer Beispiller:
Géifs du gär Frënn fannen, deenen s du vertraue kanns? Lies d’Geschicht iwwer de Jonathan an den David (1. Samuel Kapitel 18-20). Dann huel d’Aarbechtsblat „Wie man echte Freunde findet”, fir erauszefannen, wéi dir dee Bericht hëllefe kann.
Wiers du gär besser preparéiert, fir enger Versuchung ze widderstoen? Lies de Bericht, wéi de Joseph enger Versuchung widderstanen huet (1. Mose Kapitel 39). Dann huel d’Aarbechtsblieder „Wie man bei Versuchungen Nein sagt – Joseph (Teil 1)“ an „Zu Unrecht angeklagt! – Joseph (Teil 2)“ fir erauszefannen, wéi dir dee Bericht hëllefe kann.
Géifs du gär wëssen, wéi d’Gebiet dir hëllefe kann? Lies dem Nehemia seng Erfarung (Nehemia Kapitel 2). Dann huel d’Aarbechtsblat „Gott gab ihm eine Antwort auf sein Gebet“, fir erauszefannen, wéi dir dee Bericht hëllefe kann.
Tipp: Sich dir eng roueg Plaz, wou s du dech op däi Bibelliese konzentréiere kanns.
Virschlag 3: Lies e Bibelbericht oder e Psalm an denk dann doriwwer no, wéi ee sech op dech bezitt. Wann s du fäerdeg bass mat liesen, probéier d’Äntwert op follgend Froen ze fannen:
Firwat wollt Jehova, datt dës Iddi an der Bibel steet?
Wat seet eis dëse Bericht iwwer Jehova seng Perséinlechkeet oder iwwer d’Manéier, wéi hien handelt?
Wéi kann ech dat, wat ech gelies hunn, a mengem Liewen uwenden?
Tipp: Profitéier vun de Videoen, Landkaarten an anerem Zousazmaterial, dat s du an der Neue–Welt–Übersetzung – Studienausgabe fënns. Esou méchs du dat Bescht aus dengem Bibelliesen.