Zeréck bei den Inhalt

Firwat gëtt Jesus de Jong vu Gott genannt?

Firwat gëtt Jesus de Jong vu Gott genannt?

D’Äntwert aus der Bibel

 An der Bibel gëtt Jesus oft „de Jong vu Gott“ genannt (Johannes 1:49). De Begrëff „Jong vu Gott“ weist, datt Gott de Schöpfer ass an den Ursprong vun allem Liewen, dat heescht och vu Jesus sengem Liewen (Psalm 36:9; Offenbarung 4:11). D’Bibel léiert net, datt Gott op déi selwecht Manéier Papp vu Jesus ginn ass, esou wéi dat bei de Mënschen de Fall ass.

 An der Bibel ginn och d’Engelen „Söhne des wahren Gottes“ genannt (Hiob 1:6). An och den Adam gëtt an der Bibel als „Jong vu Gott“ bezeechent (Lukas 3:38). Jesus war Gott seng éischt Schöpfung a gouf och als Eenzegen direkt vun him erschafen an dowéinst gëtt Jesus an der Bibel als éischte Jong vu Gott beschriwwen.

 Huet Jesus am Himmel gelieft, éier hien als Mënsch gebuer gouf?

 Jo. Jesus war eng Geeschtpersoun am Himmel, éier hien als Mënsch op der Äerd gebuer gouf. Jesus huet selwer gesot: „Ech sinn nämlech vum Himmel erofkomm“ (Johannes 6:38, BFL; 8:23).

 Gott huet Jesus virun allem aneren erschaf. D’Bibel seet iwwer Jesus:

  •   Hien ass „der Erstgeborene der gesamten Schöpfung“ (Kolosser 1:15).

  •   Hien ass „der Anfang der Schöpfung Gottes“ (Offenbarung 3:14).

 U Jesus huet sech d’Prophezeiung „dessen Ursprung aus ferner Zeit ist, aus längst vergangenen Tagen“ erfëllt (Micha 5:2; Matthäus 2:4-6).

 Wat huet Jesus gemaach, éier hien op d’Äerd koum?

 Hien hat eng héich Stellung am Himmel. An engem Gebiet huet Jesus dorop Bezuch geholl: „Papp, verherrlech mech … mat där Herrlechkeet, déi ech bei dir hat, éier et d’Welt gouf“ (Johannes 17:5, BFL).

 Hien huet sengem Papp gehollef, all déi aner Saachen ze erschafen. Jesus huet u Gott senger Säit als „Werkmeister“ geschafft (Sprüche 8:30). DʼBibel seet iwwer Jesus: „Durch ihn ist alles andere im Himmel und auf der Erde erschaffen worden“ (Kolosser 1:16).

 Duerch Jesus huet Gott alles gemaach, wat existéiert. Dozou gehéieren och d’Engelen an den Universum (Offenbarung 5:11). Et kéint een d’Zesummenaarbecht tëschent Gott a Jesus, mat där vun engem Architekt an engem Steemetzer vergläichen. Den Architekt mécht de Plang an de Steemetzer setzt en ëm.

 Hie war „d’Wuert“. Éier Jesus op d’Äerd koum, nennt d’Bibel hien „das Wort“ (Johannes 1:1). Dat bedeit, datt Gott duerch säi Jong aneren Engelen Informatiounen an Instruktioune weiderginn huet.

 Et schéngt, ewéi wa Jesus och bei de Mënsche Porte-parole vu Gott war. Wéi Gott Adam an Eva am Gaart Eden Uweisunge ginn huet, war et warscheinlech Jesus, „d’Wuert“, dee geschwat huet (1. Mose 2:16, 17). Jesus war vläicht och den Engel, deen d’Israelitten duerch d’Wildnis gefouert huet a si sollten onbedéngt op seng Stëmm lauschteren (2. Mose 23:20-23). a

a „D’Wuert“ war net deen eenzegen Engel, dee Gott benotzt huet, fir mat de Mënschen ze schwätzen. Zum Beispill huet hien och aner Engele gebraucht, fir den Israelitte säi Gesetz ze iwwermëttelen (Apostelgeschichte 7:53; Galater 3:19; Hebräer 2:2, 3).