D’Famill: Wat mécht se méi glécklech?
-
Léift?
-
Geld?
-
Eppes anescht?
WAT SEET D’BIBEL DOZOU?
„Nach méi glécklech sinn déijéineg, déi héieren, wat Gott seet, a sech dorun halen!“ (Lukas 11:28, Bibel fir alleguer)
WAT HUNN ECH DOVUN?
Echt Léift (Epheser 5:28, 29)
Géigesäitege Respekt (Epheser 5:33)
Wäermt a Gebuergenheet (Markus 10:6-9)
KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?
Jo, aus op d’mannst zwee Grënn:
-
Gott huet d’Famill gegrënnt. Vu Jehova Gott „leet d’ganz Famill . . . hiren Numm of.“ (Epheser 3:14, 15). An anere Wierder, d’Famill gëtt et nëmmen, well Jehova se geschaf huet. Firwat ass dat gutt ze wëssen?
Ugeholl: En Iessen huet eis gutt geschmaacht. Wéi kënne mir erausfannen, wat alles dran ass? Mir froen dann deejéinegen, deen et preparéiert huet.
Fir e glécklecht Familljeliewen ze hunn, froe mir am beschte Jehova, well hien d’Famill gemaach huet (1. Mose 2:18-24).
-
Gott huet d’Famill gär. Et kënnt der Famill zegutt, Hëllef bei Jehova ze sichen, well hien sech ëm si këmmert (1. Petrus 5:6, 7). Jehova wëll eist Bescht a säi Rot funktionéiert ëmmer! (Sprüche 3:5, 6; Jesaja 48:17, 18).
FIR NOZEDENKEN
Wat kann ech zu enger glécklecher Famill bäidroen?
D’Äntwert fënnt een an der Bibel am Epheser 5:1, 2 a Kolosser 3:18-21.