Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 03

Kann een der Bibel vertrauen?

Kann een der Bibel vertrauen?

An der Bibel fënnt ee vill Verspriechen a gutt Rotschléi. Engersäits mécht een dat virwëlzeg, anerersäits ass ee vläicht och skeptesch. Kann een esou engem ale Buch vertrauen? Kann een der Bibel wierklech gleewen, wann si seet, datt een haut schonn, an och an Zukunft ka glécklech sinn? Millioune Mënsche gleewen dorun. E gudde Grond also, sech selwer ze iwwerzeegen.

1. D’Bibel, nëmme Märercher a Geschichten?

D’Bibel seet vu sech, datt si voll mat exakte Wierder vun der Wouerecht ass (Prediger 12:10). Si beschreift Persounen a Situatiounen, déi et wierklech gouf. (Lies Lukas 1:3; 3:1, 2.) Dat, wat d’Bibel zu bestëmmten Datumer, Persounen, Plazen an Evenementer seet, ass historesch an archeologesch beluecht.

2. Ass d’Bibel just en aalt Buch oder ëmmer nach aktuell?

D’Bibel war oft hirer Zäit viraus. Zum Beispill, wann et ëm wëssenschaftlech Theeme geet. Villes, wat d’Bibel dozou seet, ass deemools net vu jiddwerengem gegleeft ginn. Haut weist d’Wëssenschaft, datt d’Bibel schonn ëmmer Recht hat. An der Bibel steet: „Auf sie ist immer Verlass, heute und für immer“ (Psalm 111:8).

3. Kann een dat gleewen, wat d’Bibel iwwer d’Zukunft seet?

An der Bibel sti Prophezeiungen a, déi ukënnegen, „was noch nicht getan worden ist“ (Jesaja 46:10). Si huet laang am viraus Saache gesot, déi dono geneesou geschitt sinn. A si huet och am Detail virausgesot, wéi d’Situatioun haut ass. An dëser Lektioun kucke mir eis e puer Prophezeiungen un. Wéi genee si sech erfëllt hunn, ass immens!

AN DEN DETAIL GOEN

Et geet hei ëm e puer beandrockend bibelesch Prophezeiungen an dorëm, wéi déi modern Wëssenschaft d’Bibel bestätegt.

4. D’Wëssenschaft bestätegt d’Bibel

Fréier hu vill Leit gegleeft, datt d’Äerd op eppes läit oder vun eppes gedroe gëtt. De VIDEO kucken.

Interessant ass, wat d’Bibel scho viru ronn 3 500 Joer gesot huet. Hiob 26:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat iwwerrascht et, datt d’Bibel seet, d’Äerd géif un näischt hänken?

Eréischt am 19. Joerhonnert huet ee genee verstanen, wéi de Waasserkreeslaf funktionéiert. An der Bibel gouf en awer schonn Dausende vu Jore virdru beschriwwen. Hiob 36:27, 28 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat beandrockt dech dorun, wéi einfach dat beschriwwen ass?

  • Hëllefen dës Versen dir, der Bibel ze vertrauen?

5. D’Bibel huet wichteg Ereegnesser virausgesot

Jesaja 44:27 bis 45:2 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat fir eng Detailer iwwer den Ënnergang vu Babylon huet d’Bibel schonn 200 Joer am viraus beschriwwen?

D’Geschicht beweist, datt den Cyrus, de Kinnek vu Persien, a seng Arméi, 539 v. e. Z. b Babylon ageholl hunn. Si hunn de Floss, deen d’Stad geschützt huet, ëmgeleet. A well d’Babylonier d’Paarten opstoe gelooss hunn, konnten d’Perser ouni Problem an d’Stad eragoen an se anhuelen. Haut, 2 500 Joer méi spéit, ass Babylon just nach eng Ruin. Wat hat d’Bibel virausgesot?

Jesaja 13:19, 20 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi huet sech dës Prophezeiung erfëllt?

D’Ruine vu Babylon am heitegen Irak

6. D’Bibel huet villes virausgesot, wat haut geschitt

D’Bibel seet, datt mir haut an de leschten Deeg liewen (2. Timotheus 3:1). Et ass interessant, wat d’Bibel fir eis Zäit virausgesot huet.

Matthäus 24:6, 7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi sinn d’Zoustänn wärend de leschten Deeg?

2. Timotheus 3:1-5 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi beschreift d’Bibel, wéi d’Leit sech an de leschten Deeg behuelen?

  • Wat dovun ass dir schonn opgefall?

WANN EE SEET: „D’Bibel, dat ass dach e Buch voller Märercher a Geschichten.“

  • Wat iwwerzeegt dech, datt een der Bibel vertraue kann?

FAZIT

D’Geschicht, d’Wëssenschaft an d’Prophezeiunge weise kloer, datt een der Bibel vertraue kann.

Réckbléck

  • Stinn an der Bibel Tatsaachen oder Märercher?

  • Wat sinn e puer Beispiller, wou d’Bibel an d’Wëssenschaft sech eens sinn?

  • Mengs du, datt d’Bibel d’Zukunft viraussoe kann? Firwat mengs du dat?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Widdersprécht d’Wëssenschaft der Bibel?

„Ass d’Bibel wëssenschaftlech korrekt?“ (Online-Artikel)

Wéi sech bibelesch Prophezeiungen iwwer dat griichescht Räich erfëllt hunn.

Gestäerkt duerch „das prophetische Wort“ (5:22)

E Mann erzielt, datt seng Astellung zur Bibel sech geännert huet, wéi hie bibelesch Prophezeiunge kenne geléiert huet.

„Fir mech gouf et kee Gott“ (Der Wachtturm, Nr. 5, 2017)

a Prophezeiunge sinn Noriichte vu Gott, oft iwwer Saachen, déi an der Zukunft geschéien.

b Déi Ofkierzung v. e. Z. steet fir „virun eiser Zäitrechnung“ an e. Z. steet fir „eiser Zäitrechnung“.