Zeréck bei den Inhalt

Wéi kann ech mir e Bibelcours vun Zeie vu Jehova virstellen?

Wéi kann ech mir e Bibelcours vun Zeie vu Jehova virstellen?

 Wéi leeft e Bibelcours of?

 Äre perséinleche Bibellehrer hëlleft Iech, Theema fir Theema mat der Bibel vertraut ze ginn. Ären interaktive Bibelcours mam Titel Glécklech fir ëmmer weist Iech no an no, wat dʼBibel léiert a wéi si Iech hëllefe kann. An dësem Video gitt Dir méi dozou gewuer.

 Kascht dëse Bibelcours eppes?

 Nee. Mir halen eis un dat, wat Jesus senge Jünger gesot huet: „Gratis habt ihr bekommen, gratis gebt weiter“ (Matthäus 10:8). Eis Bibellehrer ginn net bezuelt a weeder dʼBibel nach dʼPublikatioun Glécklech fir ëmmer kaschten Iech eppes.

 Wéi laang dauert de Cours?

 De ganze Cours besteet aus 60 Lektiounen. Dir bestëmmt, wéi oft Dir studéiere wëllt. Vill Bibelschüler huelen opmannst eng Lektioun pro Woch duerch.

 Wou fänken ech un?

  1.  1. Fëllt den Online – Kontaktformulaire aus. Är Donnéeë gi just genotzt, fir Kontakt mat Iech opzehuelen.

  2.  2. E Bibellehrer kontaktéiert Iech. Äre Bibellehrer erkläert Iech, wéi den interaktive Bibelcours ofleeft a beäntwert gären Är Froen.

  3.  3. Praktesch Detailer kënnt Dir direkt mat Ärem Bibellehrer ofschwätzen. Dir kënnt selwer decidéieren, wou a wéi de Bibelcours ofgehale soll ginn: Bei Iech doheem oder soss anzwousch, awer och iwwer Telefon, per Videouruff, per Post oder iwwer E-Mail. Ee Cours dauert an der Reegel eng Stonn, mee seng Dauer kann och flexibel un Iech ugepasst ginn.

 Kann ech fir dʼéischt emol probéieren?

 Jo. Fëllt dofir den Online-Kontaktformulaire aus. Wa sech e Bibellehrer da bei Iech mellt, da sot him, datt Dir de Bibelcours fir dʼéischt ausprobéiere wëllt. Fir erauszefannen, ob dat Iech gefält, gebraucht hien (oder hatt) dʼBroschür Glécklech fir ëmmer, wou déi éischt dräi Lektiounen ze fanne sinn.

 Wann ech de Bibelcours matmaachen, muss ech dann en Zeie vu Jehova ginn?

 Nee. D’Zeie vu Jehova studéiere gär dʼBibel mat aneren. Mee mir géifen nimools anerer ënner Drock setzen, fir sech eis unzeschléissen. Mir weise gär, wat dʼBibel seet, respektéieren awer gläichzäiteg, datt jiddwereen dʼRecht huet ze decidéieren, wat hie gleeft (1. Petrus 3:15).

 Dierf ech meng eege Bibel benotzen?

 Jo, Dir kënnt Iech gär aussichen, wéi eng Bibeliwwersetzung Dir gebrauche wëllt. Mir gebrauche ganz gär déi kloer a liicht verständlech „Neue Welt Übersetzung“. Natierlech respektéiere mir et och, wann Dir eng aner Iwwersetzung benotzt.

 Dierf ech anerer invitéieren, fir beim Bibelcours matzemaachen?

 Jo, Är ganz Famill ka matmaachen an Dir kënnt och gär Frënn dozou invitéieren.

 Wat ass, wann ech fréier schonn eng Kéier mat den Zeie vu Jehova studéiert hunn? Dierf ech dann nach eng Kéier ufänken?

 Jo, op jiddwer Fall! Warscheinlech gefält Iech den neie Bibelcours souguer nach besser, well en op d’Bedierfnesser vun eiser Zäit ageet. En ass nach méi visuell an interaktiv wéi de Bibelcours virdrun. Loosst Iech iwwerraschen!

 Gëtt et eng Méiglechkeet dʼBibel ze studéieren ouni e perséinleche Bibellehrer?

 Jo. Och wa vill Leit mat engem Bibellehrer besser virukommen, probéieren anerer et léiwer emol eleng. Dofir gëtt et Hëllefsmëttelen, fir dʼBibel ze studéieren. Do fannt Dir ënner anerem Rubricke wéi: