Zeréck bei den Inhalt

Firwat gebrauchen d’Zeie vu Jehova kee Kräiz?

Firwat gebrauchen d’Zeie vu Jehova kee Kräiz?

 Fir vill Leit ass d’Kräiz d’Haaptsymbol vum chrëschtleche Glawen. D’Zeie vu Jehova sinn zwar Chrëschten, awer si benotze kee Kräiz. Firwat net?

 D’Bibel weist, datt Jesus net um Kräiz gestuerwen ass, mee un engem einfache Poul. Ausserdeem ginn d’Chrëschten an der Bibel opgefuerdert: „Flücht virum Gëtzendéngscht.“ Dozou gehéiert och de Gebrauch vum Kräiz (1. Korinther 10:14, BFL; 1. Johannes 5:21).

 Interessant ass och, wat Jesus sot: „Dorunner erkennt jiddereen, datt dir meng Jénger sidd, wann dir Léift ee fir deen aneren hutt“ (Johannes 13:34, 35, BFL). Doduerch huet Jesus gewisen, datt een echt Chrëschten net um Kräiz oder iergendengem anere Symbol erkennt, mee un hirer selbstloser Nächsteléift.