Zeréck bei den Inhalt

D’WOURECHT HUET HIERT LIEWE VERÄNNERT

Si hunn déi „ganz wäertvoll Pärel“ fonnt

Si hunn déi „ganz wäertvoll Pärel“ fonnt

 Jesus huet geléiert, datt Gott säi Kinnekräich all d’Problemer vun der Mënschheet geschwënn ewechhëlt (Matthäus 6:10). Fir de Wäert vun der Wouerecht iwwer dëst Kinnekräich ervirzehiewen, huet hie follgend zwee Vergläicher benotzt (ze liesen a Matthäus 13:44-46):

  •   E Mann fënnt zoufälleg e Schatz, deen an engem Feld vergruewen ass.

  •   E Reesender, deen op der Sich no Pärelen ass, fënnt eng ganz wäertvoll Pärel.

 Béid Männer si gär bereet, hire ganze Besëtz ze verkafen, fir de Schatz, deen si fonnt hunn, ze kréien. Si stelle Mënschen duer, deenen d’Kinnekräich esou wichteg ass, datt si bereet sinn, villes dofir opzeginn (Lukas 18:29, 30). An dësem Video léiert dir zwou Persounen kennen, déi esou gehandelt hunn, ewéi d’Männer a Jesus senge Vergläicher.