Zeréck bei den Inhalt

Huet Gott d’Evolutioun benotzt, fir déi verschidde Liewensformen ze erschafen?

Huet Gott d’Evolutioun benotzt, fir déi verschidde Liewensformen ze erschafen?

D’Äntwert aus der Bibel

 Nee. DʼBibel seet kloer, datt Gott dʼMënschen an och déi verschidden „Aarte“ vu Planzen an Déieren erschafen huet a (1. Mose 1:12, 21, 25, 27; Offenbarung 4:11). Der Bibel no staamt déi ganz Mënscheetsfamill vun eisen éischten Elteren of, dem Adam an dem Eva (1. Mose 3:20; 4:1). DʼTheorie, datt Gott dʼEvolutioun gebraucht huet, fir verschidde Liewensformen ze erschafen (muenchmol theistesch Evolutioun genannt), ass net kompatibel mat der Bibel. DʼBibel schwätzt awer net géint dat, wat Wëssenschaftler beobacht hunn, nämlech datt et verschidde Variatiounen innerhalb vun enger „Aart“ ginn. b

 Huet Gott d’Evolutioun benotzt?

 De Begrëff „theistesch Evolutioun“ kann sech op vill verschidden Iddie bezéien. Der Encyclopædia Britannica no, bezeechent dëse Begrëff dʼKonzept, datt „natierlech Selektioun e Mechanismus ass, mat deem Gott déi natierlech Welt lenkt.“

 Och follgend Iddie kënnen zur theistescher Evolutioun gehéieren:

  •   All lieweg Organisme stame vun engem gemeinsame Virfar of, dee viru laangem existéiert huet.

  •   Eng „Aart“ kann sech zu enger ganz anerer „Aart“ entwéckelen. Dëst Konzept nennt een och Makroevolutioun.

  •   Gott ass schlussendlech iergendwéi fir all dës Prozesser responsabel.

 Ass d’Evolutioun kompatibel mat der Bibel?

 Déi theistesch Evolutioun deit un, datt de Schöpfungsbericht aus 1. Mose net ganz korrekt ass. Mee Jesus huet vun deem Bericht als vun engem historesche Fakt geschwat (1. Mose 1:26, 27; 2:18-24; Matthäus 19:4-6). DʼBibel weist, datt Jesus, éier hien op dʼÄerd komm ass, zesumme mat Gott am Himmel gelieft huet an him dobäi gehollef huet, alles ze erschafen (Johannes 1:3). Deemno ass d’Iddi, datt Gott dʼEvolutioun benotzt huet, fir verschidde Liewensformen ze erschafen, net kompatibel mat der Bibel.

 Wéi gesäit et aus mat der Fäegkeet vun den Déieren an de Planzen, fir sech unzepassen?

 DʼBibel erkläert net wéi grouss dʼVariatioun innerhalb vun enger „Aart“ ka sinn. Déi verschidden „Aarten“ vun Déieren a Planzen, déi Gott erschafen huet, kënnen sech beim Reproduzéieren oder beim Upassen un en neit Ëmfeld veränneren. DʼBibel schwätzt net dogéint. Muncheree betruecht esou Upassungen als eng Form vun der Evolutioun. Trotzdeem entsteet dobäi keng nei „Aart“ vu Liewen.

a Wann dʼBibel de Begrëff „Aarten“ benotzt, dann huet dat eng vill méi breet Bedeitung, wéi dat wat Wëssenschaftler dorënner verstinn. Wa Wëssenschaftler vun der Evolutioun vun enger neier „Aart“ schwätzen, dann ass dat dacks nëmmen eng Variant vun enger „Aart“, esou wéi dʼWuert am Bericht vun 1. Mose gebraucht gëtt.

b Dëst Konzept nennt een och Mikroevolutioun.