Zeréck bei den Inhalt

Gëtt et den Däiwel wierklech?

Gëtt et den Däiwel wierklech?

DʼÄntwert aus der Bibel

 Jo, den Däiwel gëtt et wierklech. Hien ass e Geeschtwiesen, dat e schlechte Charakter entwéckelt huet a géint Gott rebelléiert huet. An der Bibel gëtt hien och „Herrscher vun dëser Welt“ genannt (Johannes 14:30, BFL; Epheser 6:11, 12). DʼBibel gëtt dem Däiwel och nach aner Titelen, déi opdecken wéi eng Zort Perséinlechkeet hien huet. Zum Beispill:

  •   Satan, wat „e Géigner, dee Widderstand leescht“ bedeit (Hiob 1:6).

  •   Däiwel, wat „een, deen anerer duerch Lige schlecht mécht“ bedeit (Offenbarung 12:9).

  •   Schlaang, wat an der Bibel oft fir ee gebraucht gëtt, deen anerer „uschmiert an täuscht“ (2. Korinther 11:3).

  •   Verféierer (Matthäus 4:3).

  •   Ligener (Johannes 8:44).

Et ass net dat Béist am Mënsch

 Fir muncher steet den Däiwel allgemeng fir dat Béist oder fir déi däischter Säit am Mënsch. Interessanterweis fënnt een an der Bibel e Gespréich tëschent Gott an dem Däiwel. Gott ass perfekt. Hie konnt also garantéiert net mat eppes Béises a sech selwer schwätzen (5. Mose 32:4; Hiob 2:1-6). Geneesou war och Jesus vollkommen an ass trotzdeem vu Satan versicht ginn (Matthäus 4:8-10; 1. Johannes 3:5). DʼBibel weist kloer, datt den Däiwel net einfach dat Béist ass, mee datt et hie wierklech gëtt.

 An awer gleewen der vill net, datt den Däiwel existéiert. Sollt eis dat iwwerraschen? Nee, well dʼBibel weist, datt Satan dʼMënsche gär täuscht, fir seng Ziler ze erreechen (2. Thessalonicher 2:9, 10). Eng vu senge beschte Methoden ass, dʼMënsche gleewen ze doen, datt et hie guer net gëtt (2. Korinther 4:4).

Falsch Usiichten iwwer den Däiwel

  Usiicht: Luzifer ass en aneren Numm fir den Däiwel.

 Fakt: Dat hebräescht Wuert, dat a verschiddene Bibele mat „Luzifer“ iwwersat gëtt, bedeit „Glänzender“ (Jesaja 14:12). De Kontext weist, datt dëst Wuert sech op dʼkinneklech Dynastie vu Babylon bezitt, déi Gott wéinst hirer Arroganz erniddregt huet (Jesaja 14:4, 13-20). No hirem Ënnergang war dʼWuert „Glänzender“ ironesch gemengt.

  Usiicht: Satan schafft fir Gott

 Fakt: Den Däiwel ass Gott säi Feind, an net säin Dénger. Den Däiwel ass och e Géigner vun deenen, déi Gott déngen. Si gi vun him verfollegt a falsch ugeklot (1. Petrus 5:8; Offenbarung 12:10).