Zeréck bei den Inhalt

Wéi kënnen Elteren hir Kanner opklären?

Wéi kënnen Elteren hir Kanner opklären?

D’Äntwert aus der Bibel

 Wie soll d’Kanner opklären? D’Bibel weist, d’Eltere sollen dat maachen. Dës Punkte ware villen Elteren eng Hëllef dobäi:

  •   Sech net genéieren. D’Bibel schwätzt ganz oppen iwwer Sex an d’Geschlechtsorganer. Gott wollt vun den Israelitten deemools, datt si scho mat hire klenge Kanner iwwer esou Theeme schwätze sollten (5. Mose 31:12, Foussnout; 3. Mose 15:2, 16-19). Fir datt kee peinlecht oder falscht Bild entsteet, ass et gutt, déi richteg Wierder fir Sex an d’Geschlechtsorganer ze benotzen.

  •   No an no opklären. Et ass besser, d’Kanner no an no Detailer iwwer Sexualitéit ze ginn, an si net kuerz virun der Pubertéit an engem eenzege Gespréich opzeklären (1. Korinther 13:11).

  •   Moralesch Wäerter vermëttelen. D’Theema Sexualitéit gëtt zwar an der Schoul behandelt. Trotzdeem ginn d’Elteren an der Bibel encouragéiert, de Kanner net nëmmen de biologeschen Aspekt dovun ze erklären, mee och wéi een zur Sexualitéit steet a wéi een domat ëmgeet (Sprüche 5:1-23).

  •   Dem Kand nolauschteren. Wann et Froe stellt zum Theema Sex, wier et net gutt, iwwerzereagéieren oder dem Kand eppes ze ënnerstellen. Besser wier: „Schnell sein zum Hören, langsam zum Reden“ (Jakobus 1:19).

Kanner viru Sexualtäter schützen – wéi?

Et ass wichteg, mat dem Kand ze üben, wéi et sech géint e Sexualtäter wiere kann

  •   Sech gutt informéieren. Et muss een erausfannen, no wéi engem Muster e Sexualtäter virgeet (Sprüche 18:15; méi Informatiounen am Kapitel 32 vum Buch Fragen junger Leute – praktische Antworten, Band 1).

  •   Um Liewe vum Kand deelhuelen. Et soll een als Elteren gutt iwwerleeën, wiem ee seng Kanner uvertraut an op där Persoun ze trauen ass. Et ass och wichteg, de Kanner net alles duerchgoen ze loossen, wéi d’Bibel a Sprüche 29:15 seet.

  •   De Kanner bäibréngen: Follege jo, awer net jidderengem! Kanner solle léieren, hiren Elteren ze follegen (Kolosser 3:20). Mee, gëtt engem Kand bäibruecht, et misst ëmmer an all erwuesse Persoun follegen, ass d’Gefor fir e sexuelle Mëssbrauch méi héich. Elteren, déi reliéis sinn, kënnen hire Kanner soen: „Wann ee wëllt, datt s du eppes maache solls, wat Gott net gefält, da maach et net“ (Apostelgeschichte 5:29).

  •   Üben, wéi d’Kand sech wiere kann. Et ass wichteg, him ze weisen, wat et maache kann, wann een him ze no kënnt an d’Elteren net do sinn. Sou Situatiounen duerchzespillen gëtt dem Kand Sécherheet, datt et sech traut ze soen: „Stopp! Hal op! Ech soen engem dat!“ a séier fortzelafen. Et ass néideg, d’Kanner ëmmer nees dorun ze erënneren, well si dat séier vergiessen (5. Mose 6:7).