Zeréck bei den Inhalt

Depressiounen – kann d’Bibel hëllefen?

Depressiounen – kann d’Bibel hëllefen?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jo, well Gott ass capabel, déi bescht Hëllef ze ginn. Hie gëtt an der Bibel beschriwwen als dee „Gott, deen déi Niddergeschloen tréischt“ (2. Korinther 7:6, BFL).

Wéi Gott Mënsche mat Depressiounen hëlleft

  •   Duerch Kraaft. Gott mécht net, datt d’Problemer sech a Loft opléisen, mee hien „tréischt“ een, well hien op Gebieder äntwert, duerch déi hie Kraaft gëtt, fir net opzeginn (Philipper 4:13). Déi Gewëssheet, datt hien esou Gebieder erhéiert, weist dëse Bibelvers: „Jehova ist denen nah, die ein gebrochenes Herz haben. Er befreit die, die am Boden zerstört sind“ (Psalm 34:18). Gott héiert, wann een em Hëllef rifft, souguer wann engem d’Wierder feelen, seng Gefiller auszedrécken (Römer 8:26, 27).

  •   Duerch gutt Virbiller aus der Bibel. E Schreiwer aus der Bibel huet gebiet: „Aus den Tiefen rufe ich zu dir, o Jehova.“ Sou depriméiert dëse Psalmist och war, huet hien sech awer erënnert, datt Gott net wëllt, datt een sech mat Scholdgefiller plot. Mat dëser Gewëssheet huet hien zu Gott gesot: „Wären Vergehen das, worauf du achtest, o Jah, wer, o Jehova, könnte bestehen? Ja, du schenkst wahre Vergebung, damit man Ehrfurcht vor dir hat“ (Psalm 130:1, 3, 4).

  •   Duerch Hoffnung. Gott gëtt engem net nëmmen elo Trouscht, mee hien huet versprach, eemol all Problemer ze eliminéieren, déi Depressioune verursaachen. Wann hien dëst Versprieche wouer mécht, da wäert een sech un dat: „... was früher war“ – dozou gehéiren och Depressiounen – „... nicht mehr erinnern, noch wird es im Herzen hochkommen“ (Jesaja 65:17).

 E wichtege Punkt: D’Zeie vu Jehova erliewen ëmmer nees, datt Gott hinnen hëlleft, awer bei schwéieren Depressioune sinn si och bereet, bei en Dokter ze goen (Markus 2:17). Allerdéngs recommandéiere mir kee spezifesch medezineschen Traitement. Jidderee muss an dëser Saach selwer entscheeden.