Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Wéini regéiert Gott säi Kinnekräich iwwer d’Äerd?

Wéini regéiert Gott säi Kinnekräich iwwer d’Äerd?

E puer vu Jesus sengen treie Jünger wollte wëssen, wéini Gott säi Kinnekräich géif ufänke mat regéieren. Jesus huet hinne kee geneeën Zäitpunkt genannt (Apostelgeschichte 1:6, 7). Allerdéngs hat hien hinne scho virdru gesot, si sollten op eng Rei Saachen oppassen, déi all gläichzäiteg géife geschéien. Un dësen Unhaltspunkte géife si erkennen, datt „d’Kinnekräich vu Gott nobäi ass“ a geschwënn iwwer d’Äerd géif regéieren (Lukas 21:31, BFL).

WÉI ENG EREEGNESSER HUET JESUS VIRAUSGESOT?

Jesus sot: „Ein Volk wird sich gegen das andere erheben und ein Land gegen das andere. Es wird große Erdbeben geben und in einer Gegend nach der anderen Lebensmittelknappheit und Seuchen“ (Lukas 21:10, 11). All dës Mierkmoler erginn zesummen en eendeitegt Zeechen, esou ewéi d’Linne vun engem Fangerofdrock. An ewéi e Fangerofdrock d’Identitéit vun enger Persoun beweist, esou ass et och e Beweis, datt „d’Kinnekräich vu Gott nobäi ass“, wann dës Saachen zur nämmlechter Zäit passéieren. Geschéien dës verschidden Ereegnesser gläichzäiteg a sinn si weltwäit ze beobachten? E Bléck op d’Fakten.

1. KRICHER

1914 ass dee bis dohi schlëmmste Krich an der Mënschheetsgeschicht ausgebrach, den 1. Weltkrich. Dofir beschreiwen Historiker d’Joer 1914 oft als e Wendepunkt an der Geschicht. Fir d’éischte Kéier si Panzeren, Fligerbommen, Maschinnegewierer, Gëftgas an aner déidlech Waffen a groussem Stil agesat ginn. Kuerz drop koum den 2. Weltkrich, an deem déi éischte Kéier Atombommen agesat goufen. Säit 1914 war zu all Moment iergendwou op der Welt Krich. Dobäi si Millioune Mënschen ëmbruecht ginn.

2. ÄERDBIEWEN

Der Britannica Academic no, gëtt et all Joers ëm déi 100 Äerdbiewen, déi massive Schued hannerloossen. D’US-Erdbebenwarte USGS schreift: „Gemäß Langzeitaufzeichnungen (seit etwa 1900) ist jährlich mit 16 großen Erdbeben zu rechnen.“ Muncher féieren d’Hausse vun den Zuelen dorop zeréck, datt et haut besser Technologië gëtt, fir d’Äerdbiewen ze detektéieren. Fakt ass trotzdeem, datt grouss Äerdbiewen op der ganzer Welt Misär an Doud mat sech bréngen, an dat an engem Ausmooss, wéi mir et nach ni kannt hunn.

3. LIEWENSMËTTELKNAPPHEET

Weltwäit entstinn Hongersnéit opgrond vu Kricher, Korruptioun, Wirtschaftskrisen, enger schlechter Gestioun vun der Landwirtschaft oder engem Mangel u Virbereedung op Wiederextreemer. Engem Bericht vum World Food Programme vun 2018 no, leide weltwäit 821 Millioune Mënschen un Honger – dovu sinn 124 Millioune vum Hongerdoud bedrot. All Joer dréit Ënnerernärung zum Doud vun iwwer 3 Millioune Kanner bäi. 2011 waren dat weltwäit ongeféier 45 Prozent vun all den Doudesfäll ënner de Kanner.

4. KRANKHEETEN AN EPIDEMIEN

An enger Publikatioun vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) heescht et: „Das 21. Jahrhundert ist schon jetzt durch verheerende Epidemien gekennzeichnet. Alte Krankheiten wie Cholera, Pest und Gelbfieber sind wieder auf dem Vormarsch und neue treten auf: SARS, pandemische Influenza, MERS, Ebola und Zika.“ D’Covid-19-Pandemie ass dat rezentste Beispill. Obwuel d’Medezin mëttlerweil vill Fortschrëtter gemaach huet, ass si net amstand, all Krankheeten ze heelen.

5. E WELTWÄIT PRIEDEGTWIERK

Jesus huet nach en aneren Aspekt vum Zeeche virausgesot: „Dës gutt Noriicht iwwert d’Kinnekräich gëtt uechter d’ganz Welt verkënnegt als Zeienausso fir all d’Natiounen. Da kënnt d’Enn“ (Matthäus 24:14, BFL). Matzen an der chaotescher Welt vun haut, verkënnegen ongeféier 8 Millioune Mënschen aus allen Natiounen déi gutt Noriicht vu Gott sengem Kinnekräich. Si priedegen an 240 Länner an a méi ewéi 1 000 Sproochen. Esou e Wierk ass et an der Mënschheetsgeschicht nach ni ginn.

WAT BEDEIT DËST ZEECHE FIR EIS?

All d’Mierkmoler vum Zeechen, dat Jesus virausgesot huet, sinn haut ze beobachten. Firwat sollt eis dat interesséieren? Well Jesus sot: „So erkennt auch ihr, wenn ihr diese Dinge geschehen seht, dass Gottes Königreich nah ist“ (Lukas 21:31).

Geschwë suergt Gott säi Kinnekräich dofir, datt Gott säi Wëllen op der Äerd geschitt

A Kombinatioun mat bibelescher Chronologie féiert eis dat Zeechen, dat Jesus ginn huet, op d’Joer 1914. a Deemools huet Gott am Himmel säi Kinnekräich opgeriicht a säi Jong Jesus Christus als Kinnek agesat (Psalm 2:2, 4, 6-9). Geschwënn herrscht Gott säi Kinnekräich iwwer d’Äerd. Et eliminéiert all aner Regierung a mécht d’Äerd zu engem Paradis, an deem d’Mënschen da fir ëmmer liewen.

Geschwë gi Jesus seng Wierder aus dem Vaterunser eng Realitéit: „Däi Kinnekräich soll kommen. Däi Wëlle soll geschéien, wéi am Himmel esou och op der Äerd“ (Matthäus 6:10, BFL). Mee wat huet dëst Kinnekräich schonn erreecht, säit et 1914 agesat ginn ass? A wourop kënne mir eis freeën, wann d’Kinnekräich bis iwwer déi ganz Mënschheet regéiert?

a Fir méi Detailer zum Joer 1914, kuckt d’Lektioun 32 am Buch Glécklech fir ëmmer, erausgi vun den Zeie vu Jehova.