Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 2

Wien ass Gott?

Wien ass Gott?

1. Firwat solle mir Gott ubieden?

Gott huet alles gemaach. Hien ass ouni Ufank an ouni Enn (Psalm 90:2). Vun him kënnt déi gutt Noriicht aus der Bibel (1. Timotheus 1:11). Well mir Gott eist Liewe verdanken, solle mir och nëmmen hien ubieden. – Liest Offenbarung 4:11.

2. Wéi kann een sech Gott virstellen?

Kee Mënsch huet Gott jeemools gesinn, well hien eng Geeschtpersoun ass – dat heescht, eng méi héich Liewensform wéi de Mënsch (Johannes 1:18; 4:24). Trotzdeem kënne mir duerch dʼSchöpfung seng Perséinlechkeet kenne léieren. Un de villen Zorte Friichten a Blumme gesäit een seng Léift a seng Wäisheet. DʼGréisst vum Universum ass e Beweis vu senger Muecht. – Liest Römer 1:20.

Wa mir an der Bibel liesen, gi mir nach méi iwwer Gott gewuer. Si seet eis, wat him gefält a wat net, wéi hie mat Mënschen ëmgeet, a wéi hien a verschiddene Situatioune reagéiert. – Liest Psalm 103:7-10.

3. Huet Gott en Numm?

Jesus huet gesot: „Eise Papp am Himmel, däin Numm sief gehellegt“ (Lukas 11:2). Obwuel et vill Bezeechnunge fir Gott ginn, huet hien awer nëmmen een Numm. An all Sprooch gëtt en anescht ausgeschwat. Op Lëtzebuergesch seet een normalerweis „Jehova“ oder „Jahwe“. – Liest Psalm 83:18; 2. Mose 3:15.

A ville Bibelen ass Gott säin Numm duerch Titele wéi „Här“ oder „Gott“ ersat ginn. Am Ufank stoung en ongeféier 7 000 Mol an der Bibel. Wa Jesus mat Mënschen iwwer Gott geschwat huet, huet hien ëmmer Gott säin Numm gebraucht. – Liest Johannes 17:26.

Kuckt de Video Huet Gott en Numm?

4. Ass Jehova un eis interesséiert?

Wéi e léiwe Papp suergt Gott dofir, datt et eis op laang Siicht gutt geet.

Bedeit dee ville Misär an der Welt, datt Jehova Gott net un eis interesséiert ass? Muncheree behaapt, hie géif eis leide loossen, fir eis ze préiwen, wat awer net wouer ass. – Liest Jakobus 1:13.

Gott huet eis de fräie Wëlle geschenkt. Ass et net schéin, datt mir selwer entscheede kënnen, Gott ze déngen? (Josua 24:15). Vill Mënsche sinn drop aus, fir aneren ze schueden, an dowéinst gëtt et ëmmer méi Leed. Dat ze gesinn, deet Jehova wéi. – Liest 1. Mose 6:5, 6.

Jehova interesséiert sech wierklech fir eis all, a wëllt, datt mir glécklech sinn. Gläich schaaft hien all dee Misär zesumme mat deenen, déi dofir responsabel sinn, aus der Welt. Bis dohin huet Gott gutt Grënn, dat Béist nach eng Zäit zouzeloossen. Lektioun 8 geet op dës Grënn an. – Liest 2. Petrus 2:9; 3:7, 13.

5. Wéi kënne mir Gott méi no kommen?

Jehova invitéiert eis, him duerch dʼGebiet méi no ze kommen. Hien ass un eis perséinlech interesséiert (Psalm 65:2; 145:18). Gott ass gär bereet, eis ze verzeien. Eis Beméiungen, him ze gefalen, entginn him net, och wa mir heiansdo versoen. Trotz eise Feeler kënne mir eng Frëndschaft mat Gott opbauen. – Liest Psalm 103:12-14; Jakobus 4:8.

Jehova huet eis dʼLiewe geschenkt an dowéinst verdéngt hien eis ganz Léift (Markus 12:30). Wéi kënne mir Gott eis Léift weisen? Andeems mir hien ëmmer besser kenne léieren an dat maachen, wat hie vun eis erwaart. Dat hëlleft eis, Gott méi no ze kommen. – Liest 1. Timotheus 2:4; 1. Johannes 5:3.